D'Gringgo Visioun fir d'Regiounen!

Mir sinn der Iwwerzeegung, dass mir déi global Erausfuerderunge léise kënnen, wann sech d'Bierger zesummendinn an an hire Regiounen aktiv ginn.

D'Kooperativ Gringgo investéiert an d'Regiounen, fir datt nei Betriber sech kënnen installéieren, kleng a Familljebetriber weiderhi Perspektiven hunn an Handwierksbetriber erhale bleiwen.

Gefërdert gëtt virop eng gesond nohalteg Entwécklung vun engem regionale stabillen Netzwierk tëscht Produktioun, Handel a Verbraucher.

Dëst mécht eis Regioune fit fir eng liewenswäert Zukunft!

Gringgo, eng "Regionalwert AG" fir ganz Lëtzebuerg!

Op d'Pionéieraarbecht an déi geliefte Philosophie am Kanton Réiden opbauend, gëtt iwwer Gringgo den an Däitschland bewäerte Modell vun der "Regionalwert AG" a ganz Lëtzebuerg ëmgesat, dat mat der finanzieller Ënnerstëtzung vu Leader Atert-Wark an dem Ëmweltministère.

De Prinzip vun der "Regionalwert AG" ass e lokaalt solidarescht Investitiounsinstrument a Form vun enger Bierger-Kooperativ.

D'Ziler sinn d'Stäerkung vun der nohalteger regionaler Ekonomie an d'Schafe vun engem gesellschaftleche Méiwäert op eng fair, ökologesch a participativ Manéier.

All Bierger ka
Kooperateur ginn!

Iwwert eng oder méi Parten (200 €/Part) kann een sech u Gringgo s.c. bedeelegen an esou och un nohaltege Projete vun Entreprisen aus de Regioune vum Land.

Dës Projete ginn opgrond vun ekonomeschen, öko-logeschen a soziale Krittäre vu Gringgo ugeholl.

Als Kooperateur ass ee mat de regionale Betriber vernetzt a profitéiert doduerch finanziell an och a sengem Alldag vum zukünftege wirtschaftlechen Erfolleg vun der regionaler nohalteger Wirtschaft.

Duerch den direkte Lien mam lokale Projet ass séchergestallt dass mam Geld kee Greenwashing bedriwwe gëtt an d'Geld och net indirekt duerch Handel mat Undeeler bei net nohaltege Quelle lant.

Gringgo gëtt eng
finanziell Ënnerstëtzung fir Är nohalteg Projeten!

D'Bierger-Kooperativ sicht Entrepreneuren déi en neie Betrib wëlle grënnen oder iwwerhuelen, e Produkt entwéckelen, produzéieren oder eng Déngschtleeschtung ubidden.

Dës Projete ginn opgrond vun ekonomeschen, ökologeschen a soziale Krittäre vu Gringgo ugeholl an zesumme gëtt no der beschter a flexibelster Léisung gesicht vir an dëse Projet z'investéieren.

Vun der Atert s.c.

Fir eng onofhängeg, fair an transparent Liewensmëttelversuergung

Investissements Prozess
100%
0

Investissementsform:  Prêt zweschent Kooperateuren

Ufank: 01.04.2023

e-community

D'Plattform fir erneierbare Stroum ze deelen.

Investissements Prozess
100%
0

Investissementsform: Kaf vu Parten

Ufank: 15.07.2023

Coreca s.c.

D' Cooperative fir Restauranten, Epicerien a Caféen

Investissements Prozess
100%
0

Investissementsform: Kaf vu Parten

Ufank: 02.11.2023

Gringgo ass och eng gemeinsam nohalteg Vermaartungs-plattform!

Gringgo ass och bekannt als Onlineshop www.gringgo.lu, eng fair, solidaresch an ökologesch Vermaartungsplattform fir d'Produiten an d'Déngschtleeschtungen aus de Regiounen, eng Aart online-Oeko-Foire. Dës Plattform fërdert d’Relatiounen tëschent Produzenten a Konsumenten. Leit, déi méi bewosst wëlle konsuméieren, hunn hei d’Méiglechkeet sech z'informéieren, sech z'orientéieren an och direkt anzekafen. Ausserdeem kann d'Vermaartungsplattform fir d'Produiten an d'Déngschtleeschtungen och vun Associatiounen, Kooperativen a Veräiner genotzt ginn.

Hei fannt dir e puer Produkter déi Dir am Shop kafe kennt.