An eisem digitalen Zäitalter stinn ëmmer méi Betriber virun der Erausfuederung, sech online ze vermaarten awer net all Betrib huet déi néideg finanziell an zäitlech Moyen'en oder genug Personal, fir do ëmmer matzehalen. Anerer sti virun der Erausfuederung, ëmzedenken, an hire Betrib op eng méi nohalteg Manéier ze geréieren.
Als Verbraucher ass een an eiser haiteger Massekonsumgesellschaft oft iwwerfuedert: Wou an wat kann ech nach akafen, wann ech well ëweltbewosst an ethesch korrekt konsuméieren, handelen, liewen? Orientéierungslos a skeptesch an engem Dschungel aus Poruktlabelen, Inhalts- an Zousatzstoffer versicht een sech als Verbraucher zerecht ze fannen.
✩ mindestens zwee Gringgo Stären hunn (vun insgesamt fënnef Stären)
✩ de Sëtz, e Buttek oder eng Filial vu sengem Betrib/senger Organisatioun/sengem Veräin an der Regioun Atert-Wark oder an enger ugrenzender Gemeng hunn
✩ biologesch ugebaut ✩ ëmweltgerecht ✩ ressourcëschounend ✩ energieeffizient ✩ spuersam ✩ recyclabel ✩ reparaturfäheg ✩ laanglieweg ✩ regional ✩ sozial hiergestallt ✩ solidaresch ✩ fair gehandelt ✩ faire Präis ✩ sozial verdréiglech ✩ déieregerecht Haltung ✩ fräi vun Déiereversich ✩ transparent ✩ gesond ✩
5 Kategorië goufen definéiert, déi bei der Erfëllung vun hire Kritäre mat engem Stär ausgezeechent ginn. Baséierend op dëse Kritäre gëtt beim Betrib eng Bestandsopnam gemaach, an op der Basis entscheed Gringgo iwwer d'Verginn vun de Gringgo Stären. Minimum 2 Gringgo Stären muss een hu fir matzemaachen.
All Produit, all Déngschtleeschtung oder Éevenement, déi op dësem Portal presentéiert ginn, erfëllen bestëmmten nohalteg an/oder sozial Kritären. D'Offer, op bei der Produktioun, beim Verkaf oder beim Verbrauch, ass soumat nohalteg, sozial verdréiglech oder befaasst sech thematesch domat.
eng Part kascht
Duerch de Kaf vun enger oder méi Parten gitt Dir Kooperateur. Mat Ärem Investissement hëlleft Dir, de Projet opzebauen, an hutt Dir d'Méiglechkeet, Gringgo aktiv matzegestalten!
456 €/Beki d'Joër fir Kooperateuren
45 bzw 38 €/Beki de Mount
612 €/Beki d'Joer fir Kooperateuren
60 bzw 51 €/Beki de Mount
BASIC PACKAGE +
30 €/Beki fir Kooperateuren
50 €/Beki fir Kooperateuren
Maacht Reklamm mam Banner op der Startsäit vu Gringgo.lu, mat Ärer Message / Ärer Offer!
Lafzäit eng Woch.
*Gestaltung net am Präis mat dran
42.5 €/Beki fir Kooperateuren
De wëlle Westen
De Réidener Kanton läit agebett an der doucer Hiwwellandschaft am Westen vun eisem Grand-Duché an ass gepräägt
vu sengem typesch ländleche Charakter, dee sech duerch endlos Wisen, Vëlos- a Wanderweeër, naturbeloosse Flëss a stilvoll
renovéiert Bauerenhaiser erëmspigelt - ee Bild, wat ee liicht verdreemten Androck kéint vermëttelen...
Mee de Kanton Réiden ass och bekannt duerch seng innovativ Projeten am Beräich vun der nohalteger Entwécklung an hëlt domat
eng aktiv Virreiderroll am Grand-Duché an. Duerch säi Pionéiergeescht sinn zum Beispill an de Beräicher Ëmwelt a Klimaschutz
bzw. Regionalwärung ganz nei Weeër ageleet a konkret Projeten ëmgesat ginn.
Ausgezeechent gouf de Réidener Kanton dofir 2014 duerch den europäeschen Duerferneierungspräis.
De Réidener Kanton an déi duerch d'LEADER Regioun verbonne Gemeng Mäerzeg zeechnen sech niewent dem charakteristesche Landschaftsbild
virun allem och duerch dat Mënschlecht aus:
Toleranz an Oppenheet vis-à-vis vu Mënschen a neie kreativen Iddien, méi Zesummenhalt an d'Vernetzung an der Gemeinschaft, Respekt
a Solidaritéit: Wäerter, fir ee bessert Liewen, fir déi de Camille Gira, de geschätzten a leider vill ze fréi verstuerwene Politiker,
Mentor a Frënd vu Villen aus der Regioun, zäitliewes plädéiert huet.
Dës Wäerter an d'Verbonnenheet vun de Bierger zu hirer Regioun loosse regional Wäertschätzung an Verbesserung vun der Liewensqualitéit
am moleresche Wëlle Westen vu Lëtzebuerg zum wichtege Bestanddeel vun dem Schafen an der Entwécklung hei ginn.
Gringgo ass elo een Deel dovun a faasst zesummen, wat erschaf a weiderhin entstoe wäert.
Fir mech soll Gringgo eppes ginn, wéi eng permanent Oekofoire oder e gringen Amazon. Als Konsument weess ech dann, wou ech an der Géigend ëmweltfrëndlech a sozial gerecht Produkter fanne kann. Als Betrib, kréien ech vu Gringgo gehollef meng ëmweltfrëndlech Produkter a Servicer an der Géigend an doriwwer eraus bekannt ze maachen an ze weisen. Doduerch kréien d'Acteuren an alle Beräicher , op Energie, Handel, Handwierk, Servicer, Kultur, Tourismus a Soziales gehollef sech positiv weider ze entwéckelen an d'Géigend als ganzt ze stäerken. Mat deem positiven Image deen déi ganz Géigend speziell am Beräich vun der Nohaltegkeet schonn huet, dem Pionéiergeescht an dem Dynamismus vun de Mënschen, déi hei wunnen, ka Gringgo ee ganz wäertvolle Baustee ginn.
vun Eida
Seit 17 Jahren lebe ich nun im „Wilden Westen“ von Luxemburg, einer Region, die ich mir zum Leben und Arbeiten ganz bewusst herausgesucht habe, da sie für mich als besonders
innovativ und aufgeschlossen gilt und mich ihre Landschaft und Naturschönheit begeistern. Und hier haben Menschen den Mut, die Kreativität und das Wissen, neue Wege zu gehen,
und dies ganz besonders im Bereich der Nachhaltigkeit.
8 Jahre durfte ich an der Seite von Camille Gira arbeiten, von ihm lernen und mit ihm immer wieder neue Projekte erarbeiten.
Sein Optimismus und sein Tatendrang haben mich geprägt und mir Mut gemacht. Nun gilt es, sowohl sein persönliches Erbe als auch die vielen anderen Produkte und Ideen unserer
Region weiterzutragen und zu fördern, indem sie in einer modernen und zeitgemäßen Form gebündelt, beworben und der Bevölkerung noch besser zugänglich gemacht werden.
Dafür stehe ich und dafür steht Gringgo!
vun Op Der Schock
No bannen zesummenhalen, no baussen opfalen. Esou kann ee Gringgo resuméieren. An dëst gëtt an eiser schnelllieweger Zäit an an eiser globaliséierter Welt ëmmer méi wichteg. An ob een sech elo als „gring“ géif bezeechnen oder net; mir hunn de Ruff vun enger nohalteger Regioun, also loosst eis eppes draus maachen.
vun De Kär
Eis Agence Art&Wise zu Biekerech gëtt et elo schonn zanter de 90er Joren, a wor déi éischt hei an der Regioun. Deemools gouf se gegrënnt, well eng Hellewull un Aktiounen am Kanton an d'Liewe geruff goufen, déi och no baussen hin hu misste professionell publizéiert ginn. Sou koum et, dat mir eis iwwert d'Joren, besonnesch am Beräich Nohaltegkeet, konnte spezialiséieren an dÉi meescht Aktiounen a Betriber hei aus der Regioun vun Ufank un konnte begleeden a mat opbauen. Am Laf vun de Joren hu mir, wéi vill aner Betriber och, zolidd Héichten an Déiften erlieft, ënner aanerem och well mir „ze wäit vum Schoss sinn“. All Dag ass eng nei Erausfuerderung fir och an Zukunft kënnen z'existéieren. Mir sinn ofhängeg vum Zesummenhalt an der Regioun! Eis Déngschtleeschtungen an Erfarungen an de Beräicher Grafik, Kommunikatioun a Marketing sinn deemno e wichtege Bestanddeel vun dëser Kooperativ, fir dat Gringgo en Erfolleg ka ginn. Art&Wise ass deemno Kooperateur bei Gringgo ginn, an hofft, dat nach vill aner Betriber nozéien.
vun Art&Wise